Männlech Asyldemandeuren, déi eleng ënnerwee an net vulnerabel sinn, kréien net méi automatesch eng Plaz an engem Foyer vum Office national de l‘accueil, well déi iwwerfëllt sinn.
Zënter Enn 2024 wiere permanent tëscht 30 an 110 Persounen op der Lëscht. Si géifen an d‘Wanteraktioun weider orientéiert ginn, mee do géifen awer déi mannsten higoen, wéi d‘Zuele weisen.