Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer 1.000 nei Betriber koumen d'lescht Joer bäi

Wirtschaft zu Lëtzebuerg

Iwwer 1.000 nei Betriber koumen d'lescht Joer bäi

D'Zuel vun den Handelsermächtegungen, déi d'lescht Joer ugefrot goufen, ass liicht erof gaangen. Dat ëm ronn 6 Prozent par rapport zum Joer 2022. Déi Zuele stinn am Rapport vun der Direction générale PME, Arisanat et Commerce vum Wirtschaftsministère. D'Zuel vun de Betriber ass awer gewuess.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Lex Delles | © MFIN / SIP play_arrow
Foto: MFIN / SIP

D‘Direction generale PME, Artisanat et commerce sammelt des Zuelen, grad wéi och déi vun den auslännesche Firmen déi sech zu Lëtzebuerg wëllen néier loossen a vun de Bäihëllefen déi am Kader vun de verschiddene Parqueten ugefrot ginn. 41.000 PMEen, also Betriber mat maximal 250 Mataarbechter:innen zielt Lëtzebuerg. Dovunner hunn der 35.000 manner wéi 10 Persounen agestallt.

Véierthéchst Joer fir Autorisatiounen

Bei den Demandë fir d‘Néierloosse gouf et 2023 mat 5.622 Ufroen allerdéngs ee liichte Minus vu 6 Prozent. Trotzdeem bleiwen d‘Autorisatioune stabel, verséchert den zoustännege Minister Lex Delles.

„Mir hunn also 2021 e Rekordjoer gehat mat 12.580 Autorisatiounen, dat ass liicht zréck gaangen 2022 op 12.566.“

Mat 11.789 Autorisatiounen, wier et nach ëmmer nach véierthéchst Joer bannent de leschten 8 Joer.

Firmegrënnung méi attraktiv duerch simplification administrative

Virun allem de Nettozouwuess vun 1.048 Entreprisë wier positiv ze verbuchen. Déi Lëtzebuerger Ekonomie wier domadder weider dynamesch, allerdéngs dierft ee sech net dorobber ausrouen, sou nach de Minister. Virun allem d‘simplification administrative soll d‘Firmegrënnung méi attraktiv maachen.

Kris am Bausecteur nach net erauszeliesen

Wann d‘Zuel vun den Demandë fir Bäihëllefen och erof gaangen ass, sou ass et awer de Constat dat d‘Gesamtzomm däitlech geklommen ass, dat vun 18,7 op 28,8 Milliounen Euro.

D‘Kris am Bausecteur ass an dësen Zuelen iwweregens nach net eraus ze liesen. Am leschten Trimester 2023 hunn d‘Demanden hei souguer nach zougeholl. Dem Lex Delles no dierft deen Effekt eréischt am Bilan vun 2024 optauchen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Wirtschaft