Dës Obligatioun gouf am Mäerz zejoert annoncéiert. Déi international Communautéit huet dës Mesure staark kritiséiert. Israel begrënnt d’Reglementatioun domat, datt een Infiltratioune vun terroristeschen Acteuren an humanitär Strukture verhënner wéilt.
Ënner den ONGe si grouss Acteuren wéi Médecins sans frontières, Care oder Oxfam.
D’EU fuerdert, datt dës Hindernisser fir déi humanitär Hëllef an der Gazasträif nees opgehuewe ginn. UN-Agence fir palästinensesch Flüchtlingen UNRWA schwätzt vun engem geféierleche Präzedenzfall. Och eng Gruppéierung vu 17 israeeleschen, lénks orientéierten Organisatioune verurteelen dës Restriktiounen.