D‘Annonce kënnt virun där erwaarter ëmstriddener Buedemoffensiv vun Israel an der Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif.
De Benjamin Netanyahu sot an engem Interview mam US Sender CBS: Hie wier zouversiichtlech, datt Israel bannent Wochen eng komplett Victoire géint d‘Hamas kéint annoncéieren, nodeems d‘Buedemoffensiv zu Rafah ugefaangen huet.
Déi geplangte Buedemoffensiv gëtt international kritiséiert. Bal 1,5 Millioune Palestinenser halen sech der UNO no zu Rafah op, déi meescht vun hinnen si Leit, déi wéinst dem Krich aus aneren Deeler vun der Gazasträif op Rafah geflücht sinn.