Israel muss bannent engem Mount dem Geriichtshaff e Rapport iwwer d'Mesurë maachen, déi ëmgesat goufen.
Wéineg impressionéiert huet sech den israeelesche Premier Benjamin Nethanjahu gewisen. Hien hat eng Reunioun mat Familljemembere vu Geiselen a sot, den israeeleschen Asaz an der Gazasträif schaaft den néidegen Drock dee gebraucht gëtt, fir d‘Geisele vun der Hamas fräizekréien.