Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel gesäit an datt Evakuéierung a Gaza méi wéi 24 Stonne braucht

Israel - Palestina

Israel gesäit an datt Evakuéierung a Gaza méi wéi 24 Stonne braucht

De Lëtzebuerger Ausseminister widderhëlt de Mëtten an engem Communiqué, datt en déi brutal Terrorattacke vun der extremistescher Hamas géint onschëlleg Zivilisten an Israel schaarf verurteelt a fuerdert en direkt Fräiloosse vun de Geiselen. 

auto_stories

1 min

Gazasträif no israeleschen Attacken | © picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Gazasträif no israeleschen Attacken (Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)

Den Opruff vun Tel Aviv un 1,1 Milliounen Awunner an der nërdlecher Gazasträif, sech bannent 24 Stonne Richtung Süden ze deplacéieren, fënnt de Jean Asselborn immens beonrouegend. 

Hie schléisst sech der Meenung vun de Vereenten Natiounen un, datt esou eng Beweegung desastréis humanitär Folge wäert mat sech bréngen. D‘Vereenten Natiounen hunn Israel de Moien opgefuerdert, deen Uerder zeréck ze zéien. Déi israeelesch Arméi huet an Tëscht zouginn, datt d‘Evakuatioun vun den Awunner an der Gazasträif Zäit bräicht. 

D‘Weltgesondheetsorganisatioun weist iwwerdeems drop hin, dass de Gesondheetssystem an der Gazasträif virum Zesummebroch steet: et bléif wéineg Zäit, fir eng humanitär Katastroph ze verhënneren, esou hiren Appell. Den Territoire ass komplett blockéiert, et kënnt kee Pëtrol eran, an och keng medezinesch oder humanitär Gidder. 

Als Zeeche vu Solidaritéit mat Israel reesen d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen an d'EU Parlamentspresidentin Roberta Metsola haut op Tel Aviv. Am Irak, a Jordanien an am Iran sinn dogéint haut dausende Mënschen op d‘Strooss gaange fir d‘Palestinenser ze ënnerstëtzen