D‘Arméi géif dervun ausgoen, datt et 24 Hamas-Milize gi mat all Kéier ronn 1.000 Memberen. Et géifen och weider Waffen, Tunnellen, Sprengstoff a militäresch Infrastrukturen zerstéiert ginn.
Israel bombardéiert weider Süd-Gaza
Der Hamas no wiere bis elo iwwer 16.200 Leit ëm d‘Liewe komm. Israel huet seng Offensiv an de Süde vun der Gazasträif verlagert.
Et gëtt international Kritik, well Honnertdausende Palestinenser vun Israel opgeruff gi waren, an de Süden ze flüchte fir sech a Sécherheet ze bréngen. Och d‘Buedemoffensiv vun Israel am Süde geet intensiv virun.
D‘Truppe wieren elo „am Häerz“ vu Chan Yunis, där gréisster Stad am Süde vun der Gazasträif, esou déi israeelesch Arméi.