Dofir wiere schonn all Uertschaften un der Grenz evakuéiert ginn. Geplangt wier eng Belagerung vum 40 Kilometer laangen a sechs bis zwielef Kilometer breeden Territoire ugekënnegt. Bei enger Belagerung géife keng Liewensmëttel, Waasser, Elektresch oder Bensinn méi an d‘Gazasträif erakommen.
D‘UNO huet Israel gewarnt, datt sou eng komplett Belagerung géint internationaalt Mënscherecht verstéisst. D‘Zivilisten dierften net a Gefor bruecht ginn.
Der UNO no wiere schonn iwwer 187.500 Mënschen an der Gazasträif op der Flucht.
D‘USA, Frankräich, Däitschland, Italien a Groussbritannien hu sech mat Israel solidaresch erkläert. Vu Washington heescht et awer och, dass een op kee Fall Truppen an d‘Regioun géif schécken.
Iwwerdeems hunn Hamas-Vertrieder ugekënnegt, datt si fir Verhandlungen op wieren, am Austausch kéinten israeelesch Geisele fräigelooss ginn. Si hätte ronn Geiselen. Am Fall wou d‘Attacken op de Gaza géife weidergoen, huet d‘Terrororganisatioun dermadder gedreet d‘Geiselen z‘ermorden.