Op israeelescher Säit sinn iwwer 700 Mënschen ëm d'Liewe komm, op d'mannst 2.000 Leit wiere blesséiert ginn, vun deenen der 200 an engem kriteschen Zoustand wieren. Op palestinensescher Säit ginn 413 Doudesaffer offiziell gemellt. Och do wieren iwwer 2.000 Mënsche blesséiert ginn.
Déi israeelesch Regierung huet de Krichszoustand ausgeruff an huet zéngdausenden Zaldoten an d‘Gazasträif geschéckt fir d‘Kontroll am Gebitt zeréck ze kréien. An och fir israeelesch Geiselen ze befreien.
Palestinenser hunn Appell un d'Arabesch Liga gemaach
Déi palestinensesch Autonomie-Autoritéit huet en Appell un d'Ausseminister vun der arabescher Liga gemaach, an enger Drénglechkeetssitzung zesummenzekommen. Et wéilt een domat géint déi „permanent, brutal israeelesch Aggressioune géint dat palestinensescht Vollek" protestéieren.
Ägypten: Attentat op israelesch Touristegrupp
An Ägypte gouf et en Attentat zu Alexandria, bei deem zwee Israeelien an een Ägypter ëm komm sinn. Den Attentäter hat op en israeeleschen Touristegrupp geschoss. Ägypten iwwerhëlt ëmmer erëm d‘Vermëttlerroll, wann de Konflikt am Noen Osten erëm héichkacht. Ägypten war och dat éischt arabescht Land, dat 1979 Relatioune mat Israel opgeholl huet.
Attack op Festival an Israel
Um Terrain vun engem Festival an Israel goufen 260 Läiche fonnt, 2.100 Leit am ganze goufe blesséiert. Hamaskämpfer haten de Museksfestival attackéiert, a vill Leit och gekidnappt. Aenzeien schwätze vun engem reegelrechte Massaker. Hamas huet och hënt Rakéite Richtung Israel geschoss, déi israeelesch Arméi – esou soen se, huet méi ewéi 500 Positioune vun der Hamas an der Gazasträif ugegraff.
Verschidde Länner probéieren hir Landsleit ze evakuéieren. Esou huet Ungarn de Moien 215 Leit vun Tel Aviv ausgeflunn. Dräi Evakueierungsflich mat Pole sinn och zu Warschau de Moie gelant.