Radioen

On air

Notturno  |  The Feelies - Stay The Course

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel: 200 Ziler an der Gazasträif sollen attackéiert gi sinn

Noen Osten

Israel: 200 Ziler an der Gazasträif sollen attackéiert gi sinn

Knapp fënnef Wochen nom Ufank vun der israeelescher Offensiv an der Gazasträif sinn d‘Truppen elo och Richtung Südgaza avancéiert. Engem Porte parole vun der israeelescher Arméi no wieren Installatioune vun der Hamas viséiert. Am Süde vun der Gazasträif, wou sech honnertdausende vu palestinensesche Flüchtlingen ophalen, gi sech elo méi intensiv Kämpf erwaart.

auto_stories

1 min

© picture alliance / dpa
(Foto: picture alliance / dpa)

Déi israeelesch Arméi huet eegenen Aussoen no hënt 200 Ziler an der Gazasträif attackéiert. Dorënner eng Schoul, wou d‘Hamas eng Kommandozentral soll gehat hunn a wou et och ënnerierdesch Tunnelle goufen.

Israel gehäit der Hamas ëmmer rëm fir, Zivilisten als Schutzschëlder ze benotzen.

Extremistesch Palestinenser hunn awer och rëm Rakéiten a Richtung Israel geschoss, sou d‘Arméi. An Uertschaften un der Grenz mat der Gazasträif wier e puer Mol Rakéitenalarm ausgeléist ginn.  

Attacken aus dem Libanon

Och un der Grenz tëschent Israel an dem Libanon koum et hënt nees zu Attacken. Wéi déi israeelesch Arméi matdeelt, wieren direkt e puer Ziler an Israel vum Libanon aus attackéiert ginn. Dobäi wieren dräi israeelesch Zaldote verletzt ginn. D‘Hisbollah huet sech zu den Attacke bekannt. Israel huet mat enger Géigenattack reagéiert.