Gëschter hat Israel d‘Populatioun am Nord-Oste vun där Stad opgeruff, sech virun imminente Bombardementer a Sécherheet ze bréngen.
Den UNO Generalsekretär António Guterres sot, hie wier äusserst besuergt iwwert Verlagerung vun der israeelescher Offensiv an de Süde vun der Gazasträif. Honnertdausende Palestinenser wieren dohi geflücht, an et géif elo néierens an der Gazasträif eng Plaz ginn, wou ee sécher ass, sou den UNO Chef.