Zanter dem Ufank vun der israeelescher Buedemoffensiven Enn Oktober si bis elo 121 Israeelesch Zaldoten ëmkomm.
Der Hamas no sinn zanter Oktober 18.700 Mënsche bei Ugrëff an der Gazasträif ëm d’Liewe komm. D'Hamas mécht do keen Ënnerscheed tëscht Zivilisten a Kämpfer.
Manifestatiounen zu Tel Aviv
Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet trotz dem Doud vun dräi Geisel duerch déi eegen Arméi, net Wëlles mat der Offensiv opzehalen.
Zu Tel Aviv hu gëschter Owend op en Neits d’Famille vu Geiselen an och befreite Geisel manifestéiert fir ze fuerderen datt iwwer hir Befreiung verhandelt gëtt. Ee vun hinnen huet der Regierung virgeworf ze soen, d’Interventioun wier wichteg fir Drock op d'Hamas ze maachen, mam Zil d’Geisel ze befreien. Mëttlerweil wier awer kloer datt ëmmer méi Geiselen net lieweg zréckkéimen.
WHO: Dausende Mënsche brauchen urgent Hëllef
Entretemps ass déi humanitär Situatioun an der Gazasträif net ze erdroen. D’Klinicken, wiere ganz schro beschiedegt, dat gréisste Spidol Al-Shifa wier nëmme minimal funktiounsfäeg. Dausende Mënsche bräichten urgent Hëllef, seet d’Welt-Gesondheetsorganisatioun.
D’Operatiouns-Säll kéinten net méi funktionéieren, wëll et weder Stroum, Sauerstoff, Sprit nach Fachpersonal a Blutt fir Transfusioune ginn.
Drock vun der internationaler Communautéit
D’USA hunn Israel dozou opgeruff d’Zivilisten ze verschounen. Den US-Verdeedegungsminister Lloyd Austin ass vun haut un am Noen Osten, wou en an Israel, Katar a Bahrain ënnerwee ass. An Israel wëllt hie mat der Militär Féierung iwwert den Enn vun der intensiver Buedem-Offensiv an de Loftattacken diskutéieren.
Däitschland a Groussbritannien hunn een dauerhafte Waffestëllstand gefuerdert. Dat hunn d’Ausseministerin Annalena Baerbock an hire britteschen Homolog David Cameron an engem gemeinsame Beitrag fir d’Sunday times gefuerdert.