Atomanlage solle bei den Attacken net getraff gi sinn.
D‘US-Regierung huet den Iran virun enger weiderer Eskalatioun gewarnt. Ee ranghéije Regierungsbeamten huet drop verwisen, datt Israel der Propos vun den USA gefollegt hätt, fir d‘Attack op militäresch Ziler ze limitéieren an zivil Affer z‘evitéieren.
Schonn zanter Deeg gouf am Iran mat enger israeelescher Géigenattack gerechent. Ugangs dës Mounts haten déi iranesch Autoritéiten 200 ballistesch Rakéiten op Israel geschoss.