Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - The Hustle

play_arrow Live
search

/ Iratxe Garcia Perez: "EVP muss verstoen, datt mir eng pro-europäesch Majoritéit hunn"

FRAKTIOUNSCHEFFIN VUN DEN EUROPÄESCHE SOZIALISTEN

Iratxe Garcia Perez: "EVP muss verstoen, datt mir eng pro-europäesch Majoritéit hunn"

D’Cheffin vum Grupp vun den Europäesche Sozialisten, d’Iratxe Garcia Perez, justifiéiert hir Approche an de Verhandlungen iwwer déi nei EU-Kommissioun. Am Numm vun der Stabilitéit an der EU hätt ee misse Konzessioune maachen.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Euranet Plus

De Lëtzebuerger LSAP Politiker Nicolas Schmit huet et bekanntlech net méi bis an déi nei Kommissioun gepackt. Dofir hate sech déi Europäesch Sozialiste ganz ferm agesat. Si wollten onbedéngt, datt hire Spëtzekandidat bei den Europawalen ee Posten an där neier Ekipp vun der Ursula von der Leyen géif kréien. Mee dat war net déi eenzeg rout Linn vun de Sozialisten, déi um Enn net respektéiert gouf.

Nicolas Schmit: Lescht Méint ware kee Succès

Op sengem leschte Schaffdag als EU-Kommissär hat den Nicolas Schmit Enn November op eiser Antenn een negative Bilan gezunn.

“Ech mengen, datt et un der Zäit ass fir d’Sozialdemokrate sech Gedanken ze maachen, wat hire Rôle, wat hir Positioun an och hir Influenz iwwer déi nächst Jore wäert duerstellen. Ech mengen net, datt déi ganz Evolutioun vun de leschte Méint a Wochen ee grousse Succès ass.”

Wéi eng Konsequenzen zitt d'Fraktioun vun de Sozialisten am Europaparlament aus deem negative Bilan? Déi Fra, déi d’Verhandlungen am Numm vun deem Grupp geféiert huet, gëtt sech am Interview mat Journalisten a Journalistinne vum Radio-Reseau Euranet Plus ganz selbstbewosst.

Intern hat d'Spuenierin misse Kritik astiechen. De kriteschen Téin vum Ex-EU-Kommissär a Spëtzekandidat vun den Europäesche Sozialisten Nicolas Schmit setzt d'Iratxe Garcia Perez een, wéi si seet, klore Plang entgéint:

“Mir wëllen am Parlament eng pro-europäesch Allianz opbauen. Wat mer déi lescht fënnef Joer gemaach hu war ganz wichteg. Mir hunn och vill erreecht op europäeschem Niveau. Den europäesche Mindestloun, Rechter vu Salariéen, wéi den Ënnerscheed an der Pai tëschent Männer Fraen ... mir hu vill erreecht.”

Kuckt dee ganzen Interview 

Iratxe Garcia Perez: Pro-Europäesch Allianz opbauen

Datt dat bei enger Partie Ziler net geklappt huet, géing net op d'Kap vu Sozialdemokrate goen. Zum Beispill, datt mam Raffaele Fitto elo ee Vertrieder vun der Extremer Droite een héije Posten an där neier Kommissioun krut.

“Dat war d’Decisioun vun der Ursula von der Leyen, a si gefält eis net. Mir hunn awer als Sozialdemokraten d’Responsabilitéit fir Stabilitéit ze suergen. D’Europäesch Unioun ass an enger schwiereger Situatioun, och geopolitesch. Mir brauche Stabilitéit, a mir brauchen eng europäesch Gouvernance. Dofir ënnerstëtze mir och dës Kommissioun.”

Mee dat wier kee Blankoscheck, esou d’Cheffin vun de Sozialisten am Europaparlament.

Virukomme kéint d'EU nëmmen, do ass sech d'Sozialdemokratin sécher, wann déi progressiv Parteien zesummeschaffen an der extreemer Droite, déi d’EU dividéiere wëllt, zesumme géintiwwer stinn. Verhandlunge mat de rietse Parteien, kéim net a Fro.

“Et ass méi wéi jee wichteg, eenzeg an eleng mat pro-europäesche Forcen zesummenzeschaffen. Mir kënne net mat deene schaffen, déi den europäesche Projet a seng Valeure futtimaache wëllen.”

EVP handelt weider autonom

D'Europäesch Vollekspartei allerdéngs huet an der Lescht ëmmer nees no alternative Majoritéite mam rietsen a riets-extreeme Bord gesicht. Mat Succès, besonnesch wann et drëms goung, Klima- oder Ëmweltschutzmesuren ze verwässeren.

Een Ëmstand, deen d'Iratxe Garica Perez net direkt kommentéiere wollt.

“Mir mussen elo ufänke mat schaffen, a mir wäerten op eis Prioritéite pochen, déi sozial Dimensioun, de Green Deal, Fraerechter an aner wichteg Saachen, déi d’Extreme Droite bekämpfe wëllt. D’EVP muss verstoen, datt mer an dësem Haus eng pro-europäesch Majoritéit hunn, datt si net aner Allianze mat der Droite opbaue kënnen. Well wann dat geschitt, si mer an enger geféierlecher Situatioun, net nëmme fir si, ma fir all d’Europäer.”

Éier d'Sozialisten definitiv gréng Luucht fir d'Ursula von der Leyen an hiren nei Ekippe ginn hunn, gouf als lescht rout Linn eng Zort Koalitiounsaccord mat der Europäescher Vollekspartei an de Liberalen ënnerschriwwen. En net verbindleche Pabeier, an deem d'Haaptlinne resuméiert sinn.

D'EVP awer probéiert weider hir Agenda ze imposéieren, ouni direkt no de Koalitiounspartner ze kucken. Ee Pabeier mat Mesuren, fir der ugeschloener europäescher Autosindustrie ënner d'Äerm ze gräifen, gesäit zum Beispill vir, dee schonn decidéierten Aus vum Verbrennungsmotor genee wéi Strofe fir Autoshiersteller, déi sech net un CO2-Reduktiounen halen, nees réckgängeg ze maachen.

Esou Proposen, déi "à prendre ou à laisser" wieren, géif een net akzeptéieren - ënnersträicht d'Iratxe Garcia Perez - ouni kloerzestellen - wat genee een deem dann entgéintsetze wëllt.

  Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.