Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kommunikatioun hätt misste prioriséiert ginn

Fënnef Joer Corona-Pandemie

Kommunikatioun hätt misste prioriséiert ginn

Viru ronn fënnef Joer gouf deen éischte Covid-Fall hei am Land detektéiert. Mam Wësse vun haut géif ee sécher eng Rei Saachen anescht ugoen, seet déi fréier Gesondheetsministesch Paulette Lenert, beispillsweis géif si haut d'Kommunikatioun prioritiséieren. Där Meenung ass och déi haiteg CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez.

auto_stories

2 min

headphones

21 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

Lauschterenplay_arrow

Et ginn och nach eng Rei aner Saachen, déi d'Paulette Lenert mam Wësse vun haut anescht géif maachen, notamment hätt ee kéinte vill Aktivitéiten no bausse verleeën an d'Geste-barrièrë besser en Place setzen. Deemools hätt een awer kee Schutz gehat an och net dat néidegt Wëssen iwwer deen deemools nach komplett onbekannte Virus, esou d'Paulette Lenert. 

Et wier iwwerdeems ganz schwéier gewiescht ze vermëttelen, datt een d'Ängschte vun de Leit, virun allem virun der Impfung, duerchaus versteet. Deemno géif si haut ee vill méi grousse Wäert op d'Kommunikatioun leeën, esou déi haiteg LSAP-Deputéiert. 

Hir Nofollgerin, d'Martine Deprez, deelt de Constat: och op internationalem Plang wier ee mëttlerweil zur Conclusioun komm, datt d'Kommunikatioun dat Wichtegst wier.

Si géif, beispillsweis aus de Berichter vun der OCDE, d'Conclusioun zéien, datt méi Stocken néideg wieren a verschidde Plazen am Gesondheetssystem preventiv misste verbessert ginn, esou d'Martine Deprez. 

Kritik um Large-Scale-Testing 

Dës Woch gouf et iwwerdeems Kritik um Large-Scale-Testing wärend der Pandemie, ënner anerem vum DP-Deputéierte Gérard Schockmel. D'Decisiounen deemools wieren duerchaus iwwerstierzt gewiescht, gëtt d'Paulette Lenert zou. Et wier awer net anescht méiglech gewiescht zu deem Zäitpunkt. Och op internationalem Plang wier deemools recommandéiert ginn, esou ze verfueren. Bei der Kritik vum Large Scale Testing wier iwwerdeems net beduecht ginn, datt et och eng Testrategie vun der Santé, zesummë mam LNS ginn ass, sou d'Paulette Lenert.

"A wéi gesot, d'Aarbechte ronderëm d'Cour des Comptes, dat ass dat Finanziellt an et ass dat, also ech kommen aus der Verwaltung an dat ass sécherlech alles net zu deem Moment esou gelaf, wéi dat an normalen Zäiten ass. Also ganz kloer, dat ass en Aveu total, mengersäits, dass dat net esou war an et war definitiv net Zäit, fir Ierbessen ze zielen zu deem Zäitpunkt."

Lauschterenplay_arrow

D'Martine Deprez ënnersträicht och, datt een amgaangen ass e Pandemie-Gesetz auszeschaffen. Et géif iwwerdeems schonn e Virschlag um Dësch léien. Dee wier awer nach net fir doriwwer ze diskutéieren, esou nach d'Martine Deprez.