Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Moloko - The Time Is Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sam Tanson erwaart sech Annoncen am Pensiounsdossier

Ried zur Lag vun der Natioun

Sam Tanson erwaart sech Annoncen am Pensiounsdossier

Et wier haut wierklech de Moment, datt de Premier Luc Frieden d’Regierungspositioun am Pensiounsdossier verréit, esou d’Sam Tanson am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

headphones

12 min

Sam Tanson, Deputéiert vun déi gréng | © Morgane Weidig play_arrow
Sam Tanson, Deputéiert vun déi gréng (Foto: Morgane Weidig)

De Regierungschef Luc Frieden (CSV) presentéiert de Mëtteg vun zwou Auer un an der Chamber d’Ried zur Lag vun der Natioun, dat ënnert dem Titel “Stabilitéit duerch Fortschrëtt”.

Sam Tanson: Ee Beispill vun Iwwerkonsultatioun

Elo wier de Moment, wou de Premier misst Faarf bekennen, wou genee d’Regierung am Pensiounsdossier gedenkt hinzesteieren, betount d'Presidentin vun der Sensibilité politique "déi gréng" Sam Tanson am Virfeld. Si géif staark dovun ausgoen, datt an der Ried zur Lag vun der Natioun Annoncë vum Luc Frieden dozou kommen. Si géif et zwar sënnvoll fannen, datt vill consultéiert gouf, schwätzt awer och vun enger "Iwwerkonsultatioun". 

“Dat soe jo net nëmmen d'Gewerkschaften, dat soen och déi eenzel Vertrieder vun de Parteien, déi elo bei deene sëlleche Ronnen dobäi waren, dass all Sujet erop an erof diskutéiert ginn. Mir haten eng laang Chamberdebatt, wou och net vun de Majoritéitsparteie vill Positionnementer koumen, ausser eigentlech een Zeréckrudderen op der Pensiounsaarmut. Eppes wou ech geduecht hätt, mir hätten ee Constat, dass een do wierklech misst eppes drun änneren.”

D’CSV-DP-Regierung wier elo zënter 18 Méint am Amt, huet déi gréng Deputéiert Sam Tanson an Erënnerung geruff.

“Dat ass elo en Drëttel vun der Legislaturperiod. Wann ee sérieusement nach wëll eppes an deem Dossier maachen, da wier et wierklech un der Zäit, fir do Faarf ze bekennen.”

Sträitthema Kollektivverträg

Well d’Positiounen a Saache Kollektivverträg nach ëmmer "net beienee" wieren, erwaart d’Sam Tanson sech an der Ried zur Lag vun der Natioun och Aussoe vum Premier zu dësem Sträitthema. Hirer Meenung no, misst de Luc Frieden schonn zënter Méint "Aarbechtsminister spillen".

“Well am Fong den Aarbechtsminister esou vill Onmutt mat de Gewerkschafte provozéiert huet, wéi mer dat zënter Joren, wann net Joerzéngten net méi kannt hunn, wat iwwer déi eenzel Dossieren eraus wierklech e ganz grousse Problem ass.”

D'Leit net weider finanziell belaaschten

Déi gréng Deputéiert Sam Tanson deelt d’Aschätzung, datt d’Eropschrauwe vun de Verdeedegungsausgabe wéineg hannerfrot géif ginn. Honnerte Millioune géifen elo an d’Defense "gehäit" ginn. Et misst een awer wëssen, datt et dobäi net dorëm géif goe fir Krich ze féieren.

“Mee et geet jo drëm, dass mer eng staark Verteidegung als Europa hunn. Fir dass keen eis ugräift a fir dass mer net an eng Krichssituatioun kommen.”

Donieft wier et wichteg, déi Honnerte Millioune sënnvoll auszeginn. D’Leit dierften och net weider finanziell belaascht ginn, esou d’Sam Tanson. Wann zousätzlech Mëttel fir d’Verdeedegung néideg wieren, da soll dat éischter iwwer Scholde finanzéiert ginn, proposéiert déi gréng Deputéiert. Kierzunge bei den “Investitiounen an eis Zukunft” dierften et hirer Meenung no net ginn, dat wier net dee richtege Wee.

 

Lauschterenplay_arrow