Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mouvement écologique: “D’Regierung vermëttelt en negatiivt Bild vun der Ekologie”

Ëmweltpolitik

Mouvement écologique: “D’Regierung vermëttelt en negatiivt Bild vun der Ekologie”

De Mouvement écologique fuerdert, datt déi nei Regierung ufänkt, Akzenter an der Ëmweltpolitik ze setzen. Déi nei Koalitioun hätt bis elo nach keng Prioritéiten an dem Beräich genannt, esou d'Blanche Weber, d’Presidentin vum Mouvéco, am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

Blanche Weber | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

D’Blanche Weber kritiséiert, déi nei Ministere géifen am Moment just iwwer Ekologie a Biodiversitéit schwätzen, wann et ëm Problemer mat Prozedure geet.

“Hei gëtt gemaach, wéi wann d’Ekologie wierklech een Hemmschuh wier fir Decisiounen ze huelen, a virun allem blockéiere géif. Et gëtt en negatiivt Bild vun der Ecologie vermëttelt, amplaz datt Fakte vermëttelt ginn, a gesot gëtt: 'Mir hunn déi Problemer a mir hunn awer och Zukunftsvisiounen an ergräife systematesch Instrumenter fir eng positiv Zukunftsgestaltung.”

De Mouvement écologique fuerdert, datt d’Regierung eng méi kloer Strategie an der Ëmweltpolitik op den Dësch leet. Déi nei Koalitioun hätt bis elo nach keng Prioritéiten an dem Beräich genannt, esou d’Presidentin vum Mouvéco.

Et gi sech konkret Usoen erwaart

Wa Lëtzebuerg seng Klimaziler wëllt erreechen, da misst d’Regierung awer elo och op anere Punkte Faarf bekennen, esou d’Blanche Weber.

“Mir erwaarden elo zum Beispill, datt d’Regierung op den Dësch leet, wéi dann d’Solarenergie konkret soll ausgebaut ginn, a wéi d’Leit do solle gehollef kréien. Wéi d’Albausanéierung konkret soll weidergoen. Wéi déi Leit mat manner Geld do solle begleet ginn. Wéi dat Ganzt och steierpolitesch soll begleet ginn."

De Mouvement écologique kritiséiert och dem Premier Luc Frieden seng rezent Aussoen iwwert d‘Atomenergie. D'Blanche Weber huet kritiséiert, datt de Luc Frieden eng gewëssen Ouverture vis à vis vun der Atomkraaft gewisen hätt, ouni sech mat aneren ofzeschwätzen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Ëmwelt