Radioen

On air

Notturno  |  Robert Wyatt - At Last I Am Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steve Thull: Europa muss militäresch op eegene Been stoen

Arméi

Steve Thull: Europa muss militäresch op eegene Been stoen

De Lëtzebuerger Arméischef seet et wier ee “Worst Case Scenario”, wann den Donald Trump am November nees amerikanesche President géif ginn. Europa hätt virun dem Hannergrond keen anere Choix, wéi alles dofir ze maachen, datt et militäresch op eegene Been steet.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

De Steve Thull betount awer och, datt an Arméiskreesser, och vu Säite vun den USA, kee géif drun denken, déi aner NATO-Partner am Stach ze loossen.

De Lëtzebuerger Arméichef ka sech och net virstellen, datt NATO-Truppen an d’Ukrain geschéckt ginn, esou laang de Krich mat Russland nach am Gaang ass. Déi grouss Majoritéit vun de NATO-Länner wär sech eens, datt se sech net direkt un dem Krich wëlle bedeelegen, an dat wier och d’Positioun vu Lëtzebuerg.

Truppen an d'Ukrain schécke kënnt net a Fro

Esoubal een Truppen an d’Land schéckt, géif een nämlech riskéiere selwer zur Krichspartei ze ginn.

"Dat allerbescht ass, et geet een net an eng Situatioun, wou een sech an déi Richtung begëtt. Wou ee wees, datt et da geféierlech gëtt. Wat een sech awer kann eng Kéier virstellen, dat ass: Wann erëm eng Kéier totale Fridden hiergestallt ass, a kloer ass wat dem engem gehéiert, a wat dem anere gehéiert, an da kritt een eng Resolutioun fir dono ze participéieren. Dat ass eppes wat envisagabel ass, mee do si mer momentan wäit dovun ewech.”

De franséische President Emmanuel Macron hat Ufank der Woch net ausgeschloss, datt Frankräich Truppen an d’Ukrain kéint schécken. Déi meescht aner europäesch Länner hunn awer mëttlerweil kloer gestallt, datt dat fir si net a Fro kennt.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview