Radioen

On air

Espresso Beats  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CNFP: Méi Rigiditéit bei Ausgabe vu Staat, Gemengen a Sécurité Sociale

Ëffentlech Finanzen

CNFP: Méi Rigiditéit bei Ausgabe vu Staat, Gemengen a Sécurité Sociale

Et ass eng Première zu Lëtzebuerg, datt et ee strukturellen Defizit iwwer e puer Joer beim Budget vum Gesamtstaat gëtt, esou de Romain Bausch. Bis 2027 ass een negative Solde virgesinn, preziséiert de President vum Conseil national des finances publiques.

auto_stories

2 min

headphones

17 min

play_arrow
Romain Bausch, President vum Conseil National des Finances Publiques (Foto: Morgane Weidig)

D’Grënn dofir wieren all d’Depensë fir d’Krisebekämpfung, mee och de Surplus bei der Sécurité Sociale, deen no an no ofhëlt. Dat wier een Zeechen, datt misst géigegesteiert ginn.

De Conseil national des finances publiques fuerdert dowéinst méi Rigiditéit bei den Ausgabe vu Staat, Gemengen a Securité Sociale. Och de Staat selwer sollt méi effikass schaffen.

Méi effizient Astellungspolitik beim Staat

Fir Leit, déi beim Staat schaffen, géif dat awer net heeschen, datt d‘Paie gekierzt ginn. Et géif vill méi ëm eng Astellungspolitik goen, bei där d‘Leit effizient agesat ginn, erklärt de Romain Bausch.

„Wou eben och op déi nei digital Technologien zeréckgegraff gëtt, a wou d’Produktivitéit pro Beamte gesteiert gëtt. Ech mengen, do ass Potential dran.“

D’Projete fir de Staatsbudget 2024 a fir d’Finanzprogrammatioun bis 2027 sollen a knapp 14 Deeg, de 25. Abrëll an der Chamber gestëmmt ginn.

Fir de Conseil national des finances publiques ass kloer, datt de Budget fir dëst Joer nach net “dee ganzen Duerchbroch” kéint bréngen, well et een Iwwergangsbudget wier, betount de Romain Bausch.

Éischte Kéier maximale Montant fir d'Staatsdepensen

De Budgetsprojet fir 2025, deen dëst Joer am Hierscht wäert presentéiert ginn, wier schonn éischter “d’Stonn vun der Wourecht”, fir d’Ëmsetzung vu Mesurë fir d’Ausgabe vum Staat an de Grëff ze kréien, seet de Romain Bausch. 

Et wier e gutt Zeechen, datt fir d'éischte Kéier zënter datt d'Gesetz besteet, maximal Montante bei de Staatsdepensen agefouert goufen. Dat géif d'Gesetz och virgesinn a wier déi lescht 10 Joer net agehale ginn, kritiséiert de Romain Bausch.

"Mee elo stinn am Pluriannuell fir d’Joren 2024, 2025, 2026 an 2027 maximal Beträg, wat d’Depensen ugeet. A selbstverständlech wäerte mir als Conseil national eiser Missioun gerecht ginn an och kontrolléieren, ob dat herno och geschitt."

Lauschterenplay_arrow


Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview