Radioen

On air

Moiesstudio  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Spidolsfederatioun: "Mir mussen de Gesondheetssystem hei am Land digitaliséieren"

Lëtzebuerger Gesondheetssystem

Spidolsfederatioun: "Mir mussen de Gesondheetssystem hei am Land digitaliséieren"

D’Digitalisatioun wier de Schlëssel, fir déi finanziell Situatioun vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem laangfristeg ofzesécheren. Dovun ass d’Spidolsfederatioun iwwerzeegt.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

Hire President, den Dokter Philippe Türk, hofft, datt déi nei Regierung un der Strategie vum Health Information System Luxembourg festhält, déi déi blo-rout-gréng Koalitioun Mëtt Mee decidéiert hat. Dat sot hien am 100,7-Interview.

"Dat si ganz gutt Prämissen, d’autant plus well et eng Initiativ vum Staat ass, net vun der Gesondheetskeess. De Staat seet: Mir mussen de Gesondheetssystem hei am Land digitaliséieren. Et sinn och am Prinzip do Sue virgesinn. Elo hoffe mir natierlech ganz staark, datt dee komplexen a schwierege Projet vun der neier Regierung déi selwecht Ënnerstëtzung kritt, an datt mir do kënnen aktiv virun dru schaffen."

Den Health Information System Luxembourg soll et – duerch eng Vernetzung vun allen Acteure - méiglech maachen, de Parcours vu jidder Patient bei all Kontakt mam System ze dokumentéieren. Dat géif Transparenz bréngen an d’Effizienz eropsetzen, sou den Dokter Philippe Türk. 

Eng Zwouklassemedezin soll verhënnert ginn

Dodernierft wier eng fundamental Reform vun den Doktesch-Tariffer een anert Beispill vun enger Schrauw, un där ee kéint dréinen, fir de Finanzement vun der CNS laangfristeg ze assuréieren. D’FHL steet op jiddwer Fall zum aktuelle System, a wëll verhënneren, datt Lëtzebuerg eng Zwouklassemedezin kritt.

"Mir hunn eng Particularitéit zu Lëtzebuerg: Mir hu kee Spidol, dat à but lucratif schafft. Mir ginn all d’selwecht finanzéiert. An ech mengen, dat ass eng Garantie fir d’Kohäsioun vum System. Wa mir an der FHL op eemol Membere kréichen, déi reng privatwirtschaftlech an à but lucratif géife schaffen, da kréie mir – wéi dat an eisen Nopeschlänner iwweregens de Fall ass – een duale System. An dee verléiert un Effizienz, dat ass eendeiteg."

 

Lauschterenplay_arrow