De Chômage partiel soll elo mol fir sechs Méint, zum Deel applizéiert ginn. Gëscht hat de Premier Luc Frieden déi steierlech Mesüren, déi de Bau solle relancéieren, bei der FEDIL nach mat de Wieder “Mir finanzéiere léiwer eng wirtschaftlech Aktivitéit wéi de Chômage” confirméiert.
Elo gesäit et also esou aus, wéi wa se béides géif maachen. Et geet och net anescht, seet de Patrick Dury.
"Als Gewerkschaft kann ech just soen, datt mer all Woch Leit am Büro stoen hunn, déi am Bau schaffen, déi d'Pai net méi kréien, well d'Betriber, méi kleng Betriber da riskéieren an d'Faillite ze goen. A mir maachen eis iwwer d'Ofsécherung vun den Existenzen do ganz vill Gedanken. Dofir komme mer net derlaanscht, do komplementar ze schaffen: dat eent an dat anert."
D'Regierung misst fir d'Relance am Secteur suergen, betount de Patrick Dury. Op d'Mesuren, déi elo geholl goufen, géif d'Gewerkschaft lo waarden, et misst awer och driwwer nogeduecht ginn, wat geschitt, wann d'Relance bis do wier. De President vum LCGB stellt och d'Fro an de Raum, ob dat sou séier goe wäert.