Fir zum Beispill géint déi héich Wëllschwäin-Populatioun an de Bëscher virzegoen, wier et awer wichteg, och nuets kënnen ze joen, sou de Marc Reiter. Den neien Ëmweltminister Serge Wilmes hätt och schonn eng “ganz kloer Ouverture” gemaach géintiwwer vun dëser Fuerderung.
„Wann ech zum Beispill Däitschland huelen, do kann een déi ganz Nuecht op d'Juegd goen, op d’Wëllschwäi wuel verstanen. Ob mir elo sou wäit musse goen, dat ass eng aner Fro.
Et géif och schonn duergoen dat stonneweis ze maachen. Dofir misst een awer d‘Gesetz änneren. Als Tëscheléisung, kéint een Autorisatioune beim Ministère ufroen, fir nuets ze joen, wann dat op enger Plaz néideg ass.
Souwäit de Marc Reiter. D’Juegd wier mëttlerweil erëm besser ugesi wéi nach viru Joren, fënnt de Vize-President vun der Jeeër-Federatioun. Den neie Minister hätt och ugekënnegt, datt hien d’Jeeër als Partner géif gesinn, dat wier virdrun net ëmmer de Fall gewiescht.