Radioen

On air

Notturno  |  Babeheaven - The Hours

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär MALT: Personell Konsequenze musse gezu ginn, wa sech bewosste Bedruch erausstellt

Piratepartei

Affär MALT: Personell Konsequenze musse gezu ginn, wa sech bewosste Bedruch erausstellt

D‘Pirate wäerte fir elo mol weider zu zwee an der Chamber vertruede sinn. Also mam Sven Clement a mam Marc Goergen. Dee schléisst awer och net aus, datt aus der Affär ëm d‘Entwécklung vun der App MALT personell Konsequenze misse gezu ginn. 

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

Eng Statutenännerung soll elo dofir suergen, datt et ni méi esou wäit ka kommen. Et misst een ewech komme vun der Ee-Mann-Partei, betount de Marc Goergen. Dee Prozess hätt och scho virum Dossier MALT ugefaangen, fir anere Kandidatinnen a Kandidate méi Visibilitéit ze ginn. 

"Dat heescht d'Parteileedung soll méi flaach organiséiert ginn, wou vill méi Leit kënnen eng Verantwortung droen. Dat ass an sech de Grondprojet vun deene Statuten."

De Piratendeputéierte Marc Goergen vergläicht d‘Affär MALT mat der Gaardenhaischenaffär vun de Gréngen. Déi gréng wieren dobäi awer méi konsequent mam Dossier ëmgaangen.

Verglach mat Gaardenhaischen Affär

Et kéint och keen dem Sven Clement d‘Decisioun ofhuelen, wéi vill Verantwortung hien iwwerhëlt. Bei der Gaardenhaischenaffär war et deemools och zu Récktrëtter komm. Erwaart de Marc Georgen sech déi selwecht Konsequenz?

„Also sollt sech erausstellen, datt deemools bewosst Bedruch war, dann ass et sécherlech kloer, dass do e Récktrëtt herno am Raum wäert stoen.“

Et wier elo un der Justiz, deen Dossier ze analyséieren, betount de Marc Goergen.

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft
Interview