Dat misst een dem Kardinol dann och gleewen, seet de Leo Wagener. Et wier iwwerhaapt scho ganz aussergewéinlech, datt ee Lëtzebuerger Kardinol an enger Poopstwal esou eng grouss Roll spillt. De Leo Wagener betount, datt virop och Kardineel aus asiateschen oder afrikanesche Länner vill méi Relevanz kritt hunn. Déi grouss kierchlech Entwécklunge géifen net méi an Europa geschéien.
"Datt Europa net nëmme wirtschaftlech, technologesch ëmmer méi an den Hannergrond geréit op der Weltbün, mee eigentlech och kierchlech. Europa wäert net méi den Haaptmotor si vun der Kierch, och wa lo nach do, wann ee sou wëllt, de Muechtzentrum zu Roum ass."
De Weibëschof Leo Wagener hofft iwwerdeems, datt d'Wal vum neie Poopst net ze vill just eng politesch Wal gëtt. Den neie Poopst wier gutt beroden, de Wee vum Synodale Prozess, deen de Poopst François an d‘Weeër geleet huet, virun ze féieren, betount de Leo Wagener.