Den "thermesche Stress" fir d'Populatioun reduzéieren: Genee dofir kéint een déi nei Kaart benotzen, déi de LIST zesummegestallt huet. Si stellt sougenannten Hotspots duer, fir datt Stadplanger op ee Bléck besser kënne gesinn, wou ee wéi eng Moossnam misst aleeden. Dëst wier wichteg am Hibléck op de Klimawandel, betount de Jürgen Junk vum LIST.
“Weil Studien haben auch gezeigt, die wir auch in diesem Jahr veröffentlicht haben, dass in Zukunft selbst bei einem mittleren Emissiounszenario sich sowohl die Anzahl der Hitzewellen, als auch die andauernd Intensität in Luxemburg auch stark erhöhen wird.”
Fir datt Urbanisten et méi einfach hunn, deem entgéint ze wierken, soll d'Kaart also hëllefen. Ausserdeem géing een am Süde méi Hotspots erëmfanne wéi am Norden. Dat virun allem wéinst der méi dichter Besiidlung, der Versigelung vum Buedem, an der Industrie.
D'Kaart kann een op geoportail.lu kucken.