Radioen

On air

Spektrum  |  Overmono - Good Lies

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ArcelorMittal wëll um Standuert Lëtzebuerg festhalen

Stolindustrie

ArcelorMittal wëll um Standuert Lëtzebuerg festhalen

ArcelorMittal huet net wëlles an de nächste Jore manner Stol hei am Land ze produzéieren, wéi am Moment. Dat betount den Direkter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg. Den Ament géifen an de Lëtzebuerger Wierker iwwer 2 Milliounen Tonne Stol am Joer produzéiert ginn, an dat soll och an den nächste Joren esou bleiwen.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

Henri Reding | © Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Den Henri Reding betount och, ArcelorMittal hätt weider grousst Vertrauen an de Standuert Lëtzebuerg, an d’Entwécklung wier zanter der Coronakris och méi positiv gewiescht, ewéi erwaart:

"D’Pläng sinn eng Saach, mee d’Realitéit duerno ass eng aner. Déi gëtt jo och ëmmer nees un déi nei Gegebenheeten ugepasst. Mir hunn elo tatsächlech manner Leit ofgebaut, wéi deemools an der Tripartite virgesi waren. An déi gutt Noriicht ass och: Mir hu méi investéiert, wéi dat wouzou mer eis engagéiert haten.”

Beméiunge fir CO2 ze reduzéieren

An de Lëtzebuerger Wierker wieren och grouss Schrëtt ënnerholl ginn, fir den CO2-Ausstouss ze reduzéieren, erkläert den Direkter. 

"Mee ech géing tatsächlech soen: Déi grouss Schrëtt, déi ArcelorMittal an Europa nach muss ënnerhuele fir bis 2030 minus 35 Prozent CO2 am Verglach mat 2018 ze erreechen, dat ass éischter, datt op anere Standuerter d’Héichiewen duerch Elektroiewe mussen ersat ginn.”

De Stol géif zu Lëtzebuerg aktuell mat Gas gehëtzt ginn. De Gas kéint zum Beispill mat Waasserstoff ersat ginn, oder et kéint ee probéiere mat Elektresch ze hëtzen, mengt den Direkter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg, Henri Reding.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview