Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Problemer mat Metalldetekter um Findel: "D'Sécherheet huet einfach misse garantéiert ginn"

Luxair

Problemer mat Metalldetekter um Findel: "D'Sécherheet huet einfach misse garantéiert ginn"

D’Luxair wäert definitiv keng Entschiedegungen u Passagéier ausbezuelen, déi den 10. Mee ze spéit op hirer Destinatioun ukomm waren, well et um Findel Problemer mat engem Metalldetekter gouf. Dat sot de Luxair-Direkter Gilles Feith am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

D‘Luxair kéint keng Entschiedegunge bezuelen a Fäll, wou si näischt hätte kënne verhënnere. Datt de Metalldetekter net funktionéiert hätt, war net der Fluggesellschaft hire Feeler.

„Ech weess emol net op ee ka soen, datt et onbedéngt dem Flughafe säi Feeler war. D’Sécherheet huet einfach misse garantéiert ginn, an dofir hunn déi Kontrolle misse gemaach ginn.“

Et hätt een de Betraffenen an där Hisiicht gehollef, dat se trotzdeem un hir Destinatioune kommen oder ëmbuche konnten.

De Gilles Feith huet am 100,7-Interview awer och annoncéiert, datt d’Luxair deemnächst eng nei Destinatioun uflitt: Vun Oktober u géif ee fënnef mol an der Woch vum Findel aus op Rotterdam fléien, esou de Luxair-Direkter. An och Edinburgh, Girona a Bilbao wären als nei Destinatiounen am Gespréich.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Interview