Radioen

On air

Simon Says  |  Flavonoids - Escape Feat. Righteous, Krs One & Dj Mercilless

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och ee Verhale kann zur Sucht ginn

Gesellschaft

Och ee Verhale kann zur Sucht ginn

10 Prozent vun de Leit zu Lëtzebuerg weisen ee problematescht Verhalen op. 4,5 Prozent lafen de Risiko ee Suchtverhalen ze entwéckelen, soen den Andreas König an de Marc Bressler.

auto_stories

2 min

headphones

23 min

play_arrow
De Marc Bressler an den Andreas König (Foto: Chris Zeien)

Den Zentrum fir exzessiivt Verhalen a Suchtverhalen bitt een Traitement fir eng ganz Panoplie u Suchterkrankungen un. Ënnert anerem Computerspill-, Glécksspill- Kaf-, Sex- a Pornosucht. Psychologescht a psychotherapeutescht Personal schaffen an der Preventioun a berode betraffe Leit an hirt Ëmfeld.

Wéi den Andreas König erkläert, sinn d'Symptomer vu sougenannter Verhaltenssucht änlech wéi d‘Sucht no enger Substanz.

Den negativen Impakt op aner Liewensberäicher als entscheedende Facteur

Et fänkt harmlos un, mee eng Gewunnecht kann zu engem Suchtverhale féieren. An zwar dann, wann den Hobby, Famill oder Aarbecht dorënner leit, esou den Andreas König.

Wéi reegelméisseg a wéi laang een eng Aktivitéit mécht, spillt och eng Roll. Och de Kontrollverloscht ass ee wichtege Krittär, fir ze kucken, ob sech aus enger Gewunnecht, ee Suchtverhale entwéckelt.

Dësen Text gouf geschriwwe vum Carol Diederich.

Lauschterenplay_arrow