Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Ombudsman begréisst de Prinzip vum "Once-Only"

Méi Obligatioune fir de Staat

D'Ombudsman begréisst de Prinzip vum "Once-Only"

D’Ombudsman Claudia Monti begréisst, datt de “Once-Only-Prinzip”, deen de Premier Luc Frieden d’lescht Woch ugekënnegt huet, séier wäert kënnen ëmgesat ginn. Wann et nämlech bis un de Verwaltunge selwer wier, wichteg Dokumenter ënnerteneen auszetausche fir eng Demande fir eng staatlech Hëllef ofzeschléissen, da wier dat fir vill Bierger eng enorm Erliichterung.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
D'Ombudsman Claudia Monti (Foto: Chris Zeien)

Gläichzäiteg wier et wichteg, datt all Concernéierte säin Accord ka ginn, fir datt seng perséinlech Donnéeën tëscht verschidden Entitéiten hin an hir ginn. D'Claudia Monti geet dovun aus, datt déi geplangte Vereinfachung fir de Bierger, bei enger Partie Leit och Retizenze kéint ausléisen.

Et misst een de Leit d‘Angscht virum gliesene Bierger huelen an hinnen erklären, datt si och all Moment hire Consentement kéinten zeréckzéien.

D'Claudia Monti fuerdert weider méi Kompetenzen

Der Claudia Monti hiert Mandat leeft iwwregens am Abrëll d’nächst Joer aus – an ass no aacht Joer net renouvelabel. Bis dohin hofft si, datt ee laangt Verspriechen ageléist gëtt, nämlech dat, datt d’Kompetenze vum Ombudsman erweidert ginn op privat-rechtlech Instanzen, déi een ëffentleche Service ubidden.

"Ech kréien domat och d'CFL oder d'Post. Also ech menge, do komme ganz vill Reklamatiounen op mech duer, mee ech si mer dees bewosst an dat wier flott, wa mer dat nach duerchkréichen."

Firwat d‘Politik dat Versprieche bis elo net ageléist huet, weess d‘Claudia Monti net.

"Ech, gi reegelméisseg mäi klenge Pefferkär bäi an ech hoffe lo, dass et wierklech zum Pott kënnt."


Lauschterenplay_arrow