An hirer Qualitéit als Verdeedegungsministerin huet d’Yuriko Backes duerchblécke gelooss, datt si net vir huet, dee vun der CGFP kontestéierten Artikel 32 nees aus dem Arméisgesetz ze sträichen. Dora geet et ëm d’Bewäertung, déi driwwer entscheet, ob en Zaldot am Grad avancéiert oder net.
"Also geet et ëm d'Credibilitéit vun eiser Arméi, et geet och ëm d'Sécherheet vun eisem Militär an doriwwer eraus. Ech wëll natierlech och d'Gespréich iwwer déi nächste Wochen a Méint mat de Gewerkschafte féieren, mee fir mech ass et wierklech wichteg, datt d'Arméi kann hire System hei bäibehalen, well et dréit zu Sécherheet vum Militär an zur Credibilitéit vun eiser Arméi bäi."
Cargo-Center: Gespréicher kënne finaliséiert ginn
Wat de Ressort vun der Mobilitéit ugeet, stoung de Cargocenter um Findel an de leschte Wochen am Fokus. Hiren Informatiounen no wieren d’Verhandlunge vun de Gewerkschafte mat der Cargolux iwwer eng Reprise vum Personal, dat bis elo fir d’Luxair am Cargo-Zenter geschafft hunn, op engem ganz gudde Wee.
"D'lescht Woch war, mengen Informatiounen no, eng Reunioun tëschent den Entreprisen an de Gewerkschaften, déi ganz gutt verlaf ass. Also ech si ganz positiv, datt déi Gespréicher elo kënnen an deenen nächsten Deeg finaliséiert ginn."