Radioen

On air

Moiesstudio  |  Portugal. The Man - Feel It Still

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Christian Oberlé: Verschidden Depensë vun der CNS missten hannerfrot ginn

Finanze vun der Gesondheetskeess

Christian Oberlé: Verschidden Depensë vun der CNS missten hannerfrot ginn

Eng vun den einfachste Léisunge fir d’Finanze vun der Gesondheetskeess séier ofzeséchere wier et, d’Bäiträg eropzesetzen. Allerdéngs wier deen einfachste Wee net ëmmer dee beschten. Dat sot de President vun der CNS am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

Christian Oberlé | © Chris Zeien
Christian Oberlé (Foto: Chris Zeien)

2027 géifen d‘Finanzen – den aktuelle Prognosen no – aus dem Equiliber falen an d‘CNS kéint hir gesetzlech Critèren net méi erfëllen. Fir d‘Situatioun séier an de Grëff ze kréie gesäit de Christian Oberlé e puer Optiounen.

"Et ass sécher, datt déi einfachste Solutioun, oder déi een effet immédiat huet, dat ass, datt d'Cotisatiounen an d'Luucht gesat ginn, oder datt de Staat méi Suen an de System erabréngt, oder datt verschidden Depensen, déi mir lo an der Santé hunn, datt mir do soen: sinn dat wierklech Santésdepensen, an datt déi Depensen ëmverlagert ginn."

Mee ass dat wierklech sou einfach? Déi Fro stellt sech, well zwar kéinten d'Gewerkschafte bereet sinn, d'Kotisatiounserhéijunge matzedroen, d'Patronen awer net.

"Wann eng Diskussioun do ronderëm ass, da bestätegt dat wat ech sot: den einfachste Wee ass net onbedéngt de beschte Wee. Et soll een awer zu all Moment als éischt mol hannerfroen ob déi Depensen déi mer de Moment hunn, ob déi alleguer nach ëmmer sënnvoll sinn."

D’CNS géif vill al Prestatioune matschleefen, déi ee misst a Fro stellen, sot hien nach. Wéi eng dat genee si konnt hien net genee soen. Kloer ass a sengen Aen awer, datt an den nächste Joren un der Effizienz vum System misst geschafft ginn. 

Bereet déi wirtschaftlech Situatioun der CNS Suergen?

Wichteg wier et dem Christian Oberlé senger Meenung no also ze hannerfroen, ob all d'Depensen, déi Gesondheetskeess mécht, nach ëmmer sënnvoll wieren. Mee wéi vill Suerge mécht him déi aktuell méi schwiereg wirtschaftlech Situatioun?

"Dat ass jo eppes, dat kënne mir net beaflossen, dofir "Suergen" dat ass ee grousst Wuert. Mir musse mat deene Previsioune schaffen, déi de Statec an d'IGSS eis liwwert an et ass och op Basis vun deenen, wou mir eis Budgeten ausrechnen. Wann déi Previsioune lo bësse besser ginn, dat huet natierlech dann direkt ee richtegen Impakt bei eis. Wa se awer méi schlecht ginn, huet dat och e richtegen Impakt."

De Christian Oberlé weess iwwerdeems nach net, ob hien an zwee Joer – wa säi Mandat ausleeft – nach eemol zur Verfügung steet. Dat géif vun der Zesummenaarbecht mat der neier Regierung ofhänken, sot hien hei op der Antenn. Hie geet awer dovun aus, datt déi nei Majoritéit déi méi schwiereg finanziell Situatioun vun der Gesondheetskeess wäert eescht huelen.

Lauschterenplay_arrow