Radioen

On air

Notturno  |  Babeheaven - The Hours

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Institut National des Langues: Nofro fir de Sproochentest "extreem" geklommen

Sprooch

Institut National des Langues: Nofro fir de Sproochentest "extreem" geklommen

Dës Woch war Rentrée beim INL. Beim Institut National des Langues sinn 8.200 Schüler:innen ageschriwwen, si kënnen do 10 Sprooche léieren, neierdéngs och Russesch. Déi beléifste Sprooche si Franséisch a Lëtzebuergesch.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

Woubäi am Franséischen déi mëscht Leit ageschriwwe sinn, an duerno am Lëtzebuergeschen. Do ass d‘Zuel vun den Aschreiwungen an de leschten zwee Joer liicht zeréckgaangen, seet virdrun d‘INL Direktesch Maisy Gorza am 100,7-Interview. 

Dat wier awer och eng Fro vu Ressourcen. D‘Missioun vum INL ass net just ze enseignéieren, mee och de Sproochentest ze maachen, fir d‘Nationalitéit ze kréien. An do wier d‘Nofro an deene leschten zwee Joer „extreem“ geklommen. An där Nofro misst een entgéint kommen, dofir hätt een an de leschte Jore vill Sessioune gehat, wou iwwer ee ganzen Dag Kandidate gepréift goufen. 

Dialog fërderen, egal a wéi enger Sprooch

Neierdéngs kann een och Russesch léieren. Trotz dem aktuellen Ugrëffskrich an der Ukrain wier d'Demande grouss, fir déi russesch Sprooch a Kultur ze léieren. Der Maisy Gorza no, wier et wichteg dat net ze verdäiwelen. 

"Dat hu mir am passé och hei kannt, datt gesot ginn ass, datt eng Sprooch net geléiert gëtt oder et gëtt Auteur deen een net méi dierf liesen."

Si géif dat kritesch gesinn a fënnt et wichteg, datt den Dialog gefërdert gëtt, egal a wéi enger Sprooch. D'Sprooch wier eng Ouverture, fir op aner Persounen duerzegoen a sech hinnen opzemaachen. Et wier fir den INL wichteg, dëse Message vun Toleranz an Integratioun ze ze droen.