Zu Esch stinn am Moment eng 60 Gemengen-eege Sozialwunnengen eidel, well se virun enger nächster Locatioun misste renovéiert ginn. Un deem Zoustand wëll den neien Escher Buergermeeschter Christian Weis séier eppes änneren.
"Mir mussen eis zu Esch nees méi drop konzentréieren, dat ze erhalen, wat mir hunn. Dat ass genau an där Logik. Amplaz datt ech elo deen nächste grousse Bauprojet vu Sozialwunnenge wëll ugoen, déi mir zwar och brauchen, denken ech awer, datt mir als éischt emol dat, wat mir hunn, anstänneg en Valeur solle setzen, fir datt mir et och benotze kënnen."
Am Klimaschutz hätten d’Stied eng grouss Roll ze spillen, well si et sinn, déi d’Stéit mat Stroum a Waasser versuergen, an zum Beispill och iwwer hir Bautereglementer bestëmmen, wou Solarpanneaue kënnen opgeriicht ginn.
Eng Stad erzitt d'Kanner mat
Zu der Roll vun enger Gemeng an der Bildungspolitik sot de Christian Weis am 100,7-Interview, datt et de Ministère ass, deen de Programm definéiert. an net d'Gemeng.
"Et ass awer een Echange mam Ministère do. an et ass jo och net de Programm eleng, deen ausschlaggebend ass. Et ass de Facteur vum Gebai, et ass de Facteur vum Material, et ass awer och de Facteur vun der non-formaler Bildung an de Maison-relaisen, wou mir vill Impakt hunn. An dann erzitt eng Stad d’Kanner jo och mat. Dat heescht also: wéi amenagéiere mir d’Stroossen? Wéi kannerfrëndlech si mir an eisen Aktivitéiten? Wéi ënnerstëtze mir Veräiner, déi edukativ Message matginn un d’Kanner? Dat alles spillt och do mat."
De Christian Weis war e Mëttwoch bei just enger Géigestëmm vum Gemengerot als Nofollger vum Georges Mischo, dee jo an d’Regierung gewiesselt ass, confirméiert ginn. En Donneschdeg gëtt hie vum Inneminister Léon Gloden vereedegt.