Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino: Wie kontrolléiert wien?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Internationalen Dag vun de Senioren

Gesellschaft

Internationalen Dag vun de Senioren

Zu Lëtzebuerg wunnen aktuell iwwer 136.000 Senioren, also Persounen iwwer 60 Joer. Dee Chiffer huet de Statec des Woch publizéiert.

auto_stories

1 min

Senior | © Alexas_Fotos / Unsplash
Senior (Foto: Alexas_Fotos / Unsplash)

D‘lescht Joer ware 46 Prozent vun de Leit tëscht 56 a 64 Joer um Aarbechtsmaart aktiv. Dat ware 15 Prozent méi wéi nach 2005, allerdéngs 16 Prozent manner wéi déi europäesch Moyenne. Vu 60 Joer un ass esouguer just nach eng Persoun vun 10 um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart aktiv. 

D‘Senioren hei am Land reesen dofir gär. Iwwer 70 Prozent vun hinne war d‘lescht Joer op d‘Mannst eemol an d‘Vakanz, an hu reegelméisseg sozial Kontakter. Nëmme 4 Prozent vun de Seniore fillen sech ëmmer oder vill eleng.