Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
search

/ International Razzia: Kriminellen Enkeltrick-Reseau ausgehuewen

Och Lëtzebuerg war bedeelegt

International Razzia: Kriminellen Enkeltrick-Reseau ausgehuewen

An enger europawäiter Aktioun huet d‘Police aus 8 europäesche Staaten, dorënner och Lëtzebuerg, zesumme mat Europol e kriminelle Reseau ausgehuewen. Et geet dobäi ëm de sougenannten Enkeltrick, mat deem Leit iwwer Telefon dozou bruecht goufen, Geld ze iwwerweisen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / dpa | Matthias Balk
Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk

Et gi verschidde Forme vum Enkeltrick, mee deen heite kriminelle Reseau huet meeschtens aus Polen eeler Mënschen ugeruff, sech als hiren Enkel oder hir Enkelin ausginn, an um Telefon behaapt, si hätten een Accident mam Auto verursaacht. Just eng direkt Bezuelung vun enger héijer Kautioun géif verhënneren, datt si an de Prisong kommen.

Dowéinst hunn iwwer 1.000 Beamten aus verschiddene Länner, dorënner och Lëtzebuerg, vum 25. November bis elo de 6. Dezember ermëttelt: Ee Schued vu bal 4,8 Milliounen Euro wier duerch den Asaz verhënnert ginn. Zu Berlin sinn an dem Zäitraum 20 Mënsche festgeholl ginn, deelt d’Police vu Berlin mat.

Zu Warschau da sinn 3 där Callcenteren opgeflunn. Zwee dovu waren an enger privater Wunneng, een an engem Hotelzëmmer. Hei goufe 6 Mënsche festgeholl.