Déi international Entwécklungs-Associatioun ass eng Institutioun vun der Weltbank, déi de 74 äermste Länner op der Welt ënnert d’Ärem gräift. Dee Bäitrag vum 61 Milliounen Euro gëtt an Tranchë bis 2031 ofbezuelt.
D’Chamber huet haut och gréng Luucht gi fir d’CO2-Tax Erhéijung. Aktuell läit déi Steier bei 30 Euro d’Tonn. Bis 2026 soll déi Steier all Joer ëm fënnef Euro klammen. Déi Hausse gëtt awer och kompenséiert.
Gemëschte Gefiller waren et bei der Evaluatioun vun der Klimakonferenz déi des Woch op een Enn goung. Kloer wier datt et nach ee wäite Wee gëtt fir déi international Communautéit dozou ze iwwerzeegen op déi fossil Energië komplett ze verzichten, sot ënnert anerem déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring.
Op där anerer Säit gouf et awer ee wichtege Schratt no vir, well an der Schlussdeklaratioun d’Wuert Transitioun am Text stoung.