De palestinenseschen UNO Ambassadeur huet den israeeleschen Zaldote virgeheit Leit geziilt viséiert ze hunn.
Israel dementéiert a seet, et wieren effektiv e puer Schëss gefall, dat well d‘Zaldoten sech bedreet gefillt hätten. Déi meescht vun de Leit wieren duerch Gedrecks ëmkomm, oder well se vun Hëllefscamionen ugestouss goufen.
International ginn déi Virfäll schaarf condamnéiert. Den UNO Generalsekretär Antonio Gueterres weist sech schockéiert. Den UNO Weltsécherheetsrot koum fir eng urgence Reunioun am Huis-Clos zesummen. D‘USA, en treien Alliéierte vun Israel fuerderen eng Enquête iwwer d‘Virfäll.
De Chef vun der europäescher Diplomatie, de Josep Borrell huet d‘Virfäll absolut inacceptabel genannt an drop higewisen, datt de Fait, fir Leit vun humanitärer Hëllef auszeschléissen, e grave Verstouss géint déi international Mënscherechter duerchstellt.