Et geet ëm de Vott vum 23. Abrëll dëst Joer. Do war nach emol driwwer ofgestëmmt ginn, ob d'Gemeng sech aus de Fusiounsgespréicher géif zréckzéien. Nodeems jo bei engem Referendum 57,4 Prozent vun den Awunner dofir gestëmmt haten, fir d‘Gespréicher weider ze féieren.
arrow_back_ios
search
Nordstadfusiounsgespréicher
|Inneministère annuléiert Decisioun vum Bettenduerfer Gemengerot net
D'Decisioun vum Gemengerot vu Bettenduerf, fir d‘Fusiounsgepsréicher mat den anere 4 Nordstad-Gemenge net weiderzeféieren, muss net annuléiert ginn. De Vott wier korrekt verlaf. Dat deelt den Inneministère de Mëtteg mat. Den Inneministère war mat zwee méigleche Formfeeler befaasst ginn. Huet awer keng Irregularitéite festgestallt.
(Foto: MAINT)