search

/ Léon Gloden confirméiert presuméierte Fall vu schwéiere Mobbing beim CGDIS

National

|
reading time

1 min

Léon Gloden confirméiert presuméierte Fall vu schwéiere Mobbing beim CGDIS

Den Inneminister Léon Gloden (CSV) confirméiert, datt beim CGDIS den Ament eng intern Enquête wéinst engem presuméierte schwéiere Fall vu Mobbing leeft. Hien nennt déi rezent gemellte Virfäll als inakzeptabel a betount, datt Transparenz an dësem Dossier néideg wier.

reading time

1 min

Den Inneminister Léon Gloden confirméiert dës Informatiounen an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der grénger Deputéiert Josée Lorschée. D‘Faiten géifen op de 16. Oktober zréck goen.

Dräi Deeg méi spéit wier d'Generaldirektioun doriwwer informéiert ginn. Doropshi wiere Schutzmesurë geholl ginn. D'Enquête soll elo klären, wat genee geschitt ass.

18 Enquêten an de leschte fënnef Joer

An de leschte fënnef Joer goufen et beim Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) ausserdeem zéng Meldunge vu presuméiertem psychologeschem Mobbing an zéng vu sexueller Belästegung. An dëse Fäll goufen insgesamt 18 Enquêtë gefouert an eelef Disziplinarmesurë geholl – dat preziséiert nach den CSV-Inneminister.