No engem presuméierte Cyberugrëff op Killanlagen a Supermarchéeën a Frankräich wieren elo och dosende Geschäfter a sechs EU-Länner - dorënner Lëtzebuerg – vun engem presuméierte Cyberugrëff viséiert ginn. Dat hat d‘BBC gemellt.
D'Vertraue vun de Consommateuren an der EU géif duerch déi Attacke leiden, esou de Christophe Hansen.
Änlech wéi beim Virfall a Frankräich wier och dës Kéier d‘Temperatur vun de Frigoen a Killtrue manipuléiert an an d‘Luucht gesat ginn, esou Medien.
Onkloer ob et tatsächlech Cyberattack ass
Bei Delhaize Belsch a Lëtzebuerg wieren e puer Dose Filiale betraff – dovu véier hei am Land, esou eng Spriecherin op Nofro hin – ouni ze soen wéi eng. D‘Wort mellt et wieren d‘Delhaize Geschäfter zu Stroossen, Schengen an op der Schmatt.
Delhaize schreift vun engem informatesche Virfall, deen d‘Killanlage betrefft. Ob et also tatsächlech ee Cyberugrëff ass, ass onkloer.
D‘Firma hätt direkt déi néideg Mesurë geholl, fir sécherzestellen, datt d‘Supermarchéeë weider funktionnéieren. Ma an de betraffene Geschäfter wier den Ament d‘Assortiment vu frëschen an déifgekillte Produiten e bësse limitéiert. Et géif awer keng Ënnerbriechung bei der Livraison, heescht et nach vun Delhaize.