arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dateleak: D'SNCT huet net express eng 50 Clientsdonnéeë un Drëttpersoune weider ginn

National

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Dateleak: D'SNCT huet net express eng 50 Clientsdonnéeë un Drëttpersoune weider ginn

Duerch en Datenleak bei der SNCT huet d’Kontrollstatioun, fir motoriséiert Gefierer, Clientsdonnéeë vun enge 50 Persounen un Drëtter weiderginn. Dat confirméiert den operationellen Direkter vun der Société nationale de contrôle technique op eis Nofro hin.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© 100,7
(Foto: 100,7)

Eis Redaktioun hat de Leak leschte Weekend entdeckt an d’SNCT de Méindeg domat konfrontéiert. Haut um Freideg goufen déi betraffe Clienten iwwer de Virfall informéiert.  

Sensibel Donnéeë vun Diplomaten

Dem operationellen Direkter vun der SNCT, Bob Manet no, wieren iwwer en Zäitraum vun engem Mount, Donnéeën ewéi de Kilometerstand, d'Chassis- a Plackennummer, Rechnungen an a vereenzelt Fäll och Adresse vun Autosbesëtzer un déi falsch Besëtzer geroden.

Onbedeelegt Clientë konnten Donnéeën an hirem Benotzerkont op der Websäit vun der SNCT gesinn. Dorënner waren eisen Informatiounen no och méi sensibel Donnéeë vun Diplomaten.

Ursaach wiere Feeler vu Mataarbechter:innen, déi am Guichet schaffen, op deem bei enger Visitt vun der Kontrollstatioun den Check-In gemaach gëtt.

Problem wier behuewen

D’SNCT ass réischt no eiser Nofro op dëse Virfall opmierksam ginn. Wéi mir bestätegt kritt hunn, wier de Problem awer mëttlerweil behuewen. An der E-Mail un déi betraffe Persounen heescht et, den Incident wier bei internen Kontrollen opgefall.

D’Mataarbechter wieren och elo opgekläert ginn, datt esou de Feeler net méi geschéien dierft, esou de Bob Manet.

D’SNCT bedreift aktuell siwe Kontrollstatiounen am Land, dorënner déi zu Sandweiler an Esch-Uelzecht. D’Societéit, déi zënter 2016 keng Verwaltung méi ass, kontrolléiert all Joer eng 300.000 Gefierer op Konformitéit mat Sécherheets- an Ëmweltnormen.

play_arrow Lauschteren