arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Tunnel Micheville gouf den Eeschtfall geprouft

Mobilitéit

|
reading time

2 min

Am Tunnel Micheville gouf den Eeschtfall geprouft

De Moie gouf et am Tunnel Micheville eng grouss Übung vun de Rettungsdéngschter aus Lëtzebuerg an aus Frankräich. Eng 80 Pompjeeën, Membere vu Ponts et Chaussées a vun der Police waren op der Plaz. Getest gouf een duebelen Accident. 

reading time

2 min

Übung am Tunnel Micheville | © Carole Schimmer
Übung am Tunnel Micheville (Foto: Carole Schimmer)

Engersäits zwee Autoen déi an der Mëtt vum Tunnel anenee gekeilt waren. Wéinst dem Stau deen am Tunnel entstanen ass, gouf et och nach een Accident an der Entrée vum Tunnel wou ee Motorradfuerer an de Stau ageknuppt war. A fir den Asaz nach méi komplizéiert ze gestalten si matten am Tunnel déi accidentéiert Gefierer a Brand geroden.

Den Tunnel ass speziell, well en um Schluss vun der Autobunn läit. Iwwerdeems ginn et op där anerer Säit Opfaarten. Dat huet dunn zu Schwieregkeete beim Übungsasaz gefouert.

Asazleeder net ganz zefridden

De Christopher Schuh, Chef vum CGDIS Regioun Süde war net ganz zefridden iwwert d’Dauer vun der Übung.

"Duerch d'Accident virum Tunnel si mer net an den Tunnel komm, wéi dat normalerweis de Fall ass. Mir hunn do d'Victime missen en Charge huelen, mir hu missen ëmswitchen an op déi aner Säit vum Tunnel fueren, fir bei d'eigentlech Accident ze kommen, just dass do entretemps d'Autoen ugefaangen hu mat brennen." 

Vill Hin an Hier

Et wier vill Hin an Hier gewiescht.

"Mir hunn erëm missen ëmswitchen, well mer dunn net an de Brandtunnel konnten erafueren, hu mer an deen aneren Typ missen erafueren. Wat mat sech bruecht huet, dass mir als CGDIS, als Pompjeeën d'Taktik dräimol hunn hu missen upassen un nei Entwécklungen, den Asazleeder missten ëmswitchen, iwwer Funk d'Ween koordinéieren, dass se erëm enzwousch anescht hifueren an dat do mat sech bruecht, dass mer u sech ronn 50 Minutte gebraucht hunn, bis mer am eigentlechen Accident waren." 

Dat wier net zefriddestellend, esou nach de Christopher Schuh. Déi ganz Übung géif awer elo mat der ITM a Ponts et Chaussées opgeschafft, an iwwerhaapt gekuckt, ob et méi séier méiglech gewiescht wier.