Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sam Tanson iwwerrascht iwwer Besetzung vun eenzele Ressorten

Reaktioun op nei Regierung

Sam Tanson iwwerrascht iwwer Besetzung vun eenzele Ressorten

Mat Erstaunen huet d’Sam Tanson d’Besetzung vun eenzele Ressorten an der neier Regierung zur Kenntnis geholl. Déi zukünfteg Leaderin vun der grénger Oppositioun an der Chamber versteet zum Beispill net, firwat d’CSV net op e gewielte Vertrieder zréckgegraff huet, fir d’Santé ze iwwerhuelen.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

play_arrow

Mat Erstaunen huet d’Sam Tanson d’Besetzung vun eenzele Ressorten an der neier Regierung zur Kenntnis geholl. Déi zukünfteg Leaderin vun der grénger Oppositioun an der Chamber huet grouss Bedenke wat de Cumul vun de Portefeuillen Educatioun a Logement an den Hänn vun engem Minister, dem Claude Meisch, ugeet. Si versteet och net, firwat d’Koalitiounsparteien net op e gewielte Vertrieder zréckgegraff hu fir d’Santé ze iwwerhuelen:

"Op där enger Säit, d’CSV wou notamment virun allem e Claude Wiseler am Santés-Beräich extrem vill gesot a kritiséiert huet, deen de Ressort net iwwerhëlt. An dann eng DP, déi mat engem Gérard Schockmel ugetrueden ass, dee manifestement wollt Gesondheetsminister ginn, deem och ganz vill Kompetenzen zougeschriwwe ginn, soss hätt e jo net dee Score gemaach, deen e gemaach huet "

Si bedauert och, datt d'Kultur nees dee Portefeuille ginn ass, deen dem Eric Thill, dee Jéngsten a Leschten, dee bäikënnt, “an de Schouss gedréckt kritt”.

Ech gesinn, dass d’Kultur erëm leider schéngt esou e Ressort ze sinn, deen op deen zréckfält, deen iwwreg bleift. Anescht wéi zum Beispill de Sport wou de Georges Mischo vu vir era ganz kloer gesot huet, hie wéilt dat. Hei dann elo dee Jéngsten, de Kulturressort an de Schouss gedréckt kritt."

Si hofft datt hiren Nofollger mat genau sou vill Begeeschterung an Engagement un deen Dossier erugeet si dat gemaach hätt.

Lauschterenplay_arrow