Radioen

On air

Euranet Plus Podcast  |  

play_arrow Live
search

/ Ines Kurschat gëtt nei Chefredaktesch vum Luxemburger Wort

Vum 1. Januar un

Ines Kurschat gëtt nei Chefredaktesch vum Luxemburger Wort

D'Lëtzebuerger Wort kritt eng nei Chefredaktesch: D‘Ines Kurschat iwwerhëlt d‘Successioun vum Roland Arens, deen am Laf vum nächste Joer an d‘Pensioun geet. Si iwwerhëlt och de Poste vun der Direktesch fir Publikatioune vum Group Mediahuis Luxembourg. 

auto_stories

1 min

Dat geet aus enger interner Kommunikatioun ervir, déi eis virläit. D‘Ines Kurschat trëtt den 1. Januar hir nei Funktiounen un. 

Si huet virdrun ënner anerem 15 Joer laang bei der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land geschafft. Zejoert gouf si bei Mediahuis Directrice Adjointe. Zanter Oktober zejoert war si Cheffin vum Ressort Politik beim Wort. D‘Ines Kurschat ass och Member vum Verwaltungsrot vum Presserot.

Wéi et an där interner Kommunikatioun heescht, soll si beim Wort an am Group Mediahuis och déi digital Transformatioun vun de Noriichte-Servicer weider féieren an organiséieren.