search

/ Import vu Siidler-Produiten: Diskussiounen ëm méiglecht Verbuet gi virun

EU-AUSSEMINISTEREN

|
reading time

4 min

headphones

2 min

play_arrow

Import vu Siidler-Produiten: Diskussiounen ëm méiglecht Verbuet gi virun

An der EU geet d’Diskussioun iwwer ee Verbuet vun Importer fir Wueren aus israeelesche Siidlungen am Westjordanland virun. Déi europäesch Kommissioun hat am Virfeld vun der Reunioun vun den EU-Ausseministeren Propose fir verschidden Optiounen op den Dësch geluecht. E Konsens konnt net fonnt ginn.

reading time

4 min

headphones

2 min

play_arrow
© MAE
(Foto: MAE)

Update: 17:17 Auer

D’EU-Ausseministeren diskutéieren iwwer verschidden Optiounen am Ëmgang mat Produiten aus den israeelesche Siidlungen. Lëtzebuerg ass dofir, datt den Import ganz verbuede gëtt, esou den Ausseminister Xavier Bettel. D’EU misst elo eng Decisioun doriwwer huelen an net weider ofwaarden. 

Där Meenung sinn och aner EU-Länner wéi zum Beispill Spuenien oder Holland. 

Ënnerschiddlech juristesch Opfaassunge verhënnere Konsens

Däitschland awer ass wéi anerer iwwerzeegt dovun, datt een Importverbuet just eestëmmeg dierft décidéiert ginn. Et géif an der EU ënnerschiddlech juristesch Opfaassunge ginn, sot dozou d’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas.

Eng Decisioun, wéi an deem Dossier soll tranchéiert ginn, gouf haut net geholl. 

Xavier Bettel: Lëtzebuerg ass fir esou ee Verbuet

Et sollt een elo net waarden, bis an Israel Wale sinn, ier een an der EU iwwer méiglech Sanktiounen decidéiert, esou de Lëtzebuerger Ausseminister um Bord vun der Reunioun vun den Ausseministeren zu Bréissel haut de Moien, ier d'Diskussioun ëm e Verbuet ugefaangen hat.

"Ech héiere säit zwee Joer: Wa mir e Minister géifen op eng Sanktiounslëscht setzen, dass dat dee géif stäerken. Wa mir Decisioune géifen huelen, dass dat d'Regierung géif stäerken. Ech mengen, et ass de Moment de vérité." 

Kritik un der EU-Kommissioun

De Lëtzebuerger Ausseminister kritiséiert, datt d’Europäesch Kommissioun “esou laang gewaart huet”, fir déi Optiounen op den Dësch ze leeën. 

"Mir froe säit zwee Joer, dass Propositioune solle kommen. Mir hu ganz laang gewaart, fir déi Dokumenter ze kréien." 

D’Kommissioun wier sech hei net eens, esou den Ausseminister. Ënner de Memberlänner hätt et awer an der Lescht Beweegung ginn. 

Kloer ass awer, datt och hei d’Meenunge weider ausenee ginn. 

Bettel: Decisioun mat Majoritéit amplaz Unanimitéit ass méiglech

Zur Diskussioun sti Sanktioune géint eenzel israeelesch Ministeren an d’Fro, wéi d’EU mat de Produiten aus israeelesche Siidlungen a palästinensesche Gebidder ëmgeet. 

Zur Diskussioun steet och, wéi d’Decisioun an der EU soll geholl ginn. 

Fir dat éischt, also Sanktioune géint Ministeren, brauch een d’Unanimitéit, dat steet fest. Mesurë ronderëm d’Produiten aus de Siidlunge kéinten awer och ënner de Volet “Commerce” falen, an deem Fall géif eng qualifizéiert Majoritéit doriwwer bestëmmen.

Fällt et ënner d'Aussepolitik, ass Unanimitéit gefrot. 

Fir de Xavier Bettel ass kloer: Déi Mesurë ronderëm d'Produiten aus de Siidlunge géifen d’Handelsaccorde betreffen, déi d’EU mat Israel huet. 

“Mir géife jo Saachen un den Handelsaccorde mat Israel änneren. Dowéinst sinn ech der Meenung, dat kéint ee mat enger qualifizéierter Majoritéit maachen.”

Xavier Bettel ass dofir, ofzestëmmen

Hie géif sech dofir a setzen, datt haut doriwwer ofgestëmmt gëtt, esou de Lëtzebuerger Chefdiplomat. 

Allgemeng gouf dat schonn am Virfeld vun der Reunioun als net probabel ugesinn. 

Lëtzebuerg ass fir een Import-Verbuet vu Siidler-Produiten, esou och de Xavier Bettel. 

"Déi Terrainen hunn de Palästinenser gehéiert. Déi Terraine si vun haut op muer einfach geklaut ginn. Dat ass d'Realitéit. Dofir sinn ech der Meenung, datt et sech hei em ee Verbuet vu “Produits volés” géif handelen."

Der Optioun vun engem rengen Etikettage steet Lëtzebuerg dowéinst kritesch géintiwwer, well d’Wourecht doriwwer, wou ee Produit hierkënnt, schwéier ze kontrolléieren ass, esou de Xavier Bettel. 

D’Ministeren diskutéieren och iwwer ee weidere Sanktiounspak géint Russland. Och hei ass ee sech nach net eens an och Lëtzebuerg huet nach oppe Froen.

Holland hätt eng Analys iwwer den Impakt vu Sanktioune géint verschidde Finanzinstituter gefrot, esou de Xavier Bettel. Lëtzebuerg géif sech där Demande uschléissen. 

Russesch Athleten op den Olympesche Spiller: Kee Grond, Positioun ze änneren, seet de Xavier Bettel

Da steet och eng Debatt iwwer d’Decisioun vum internationalen olympesche Comité un, d’Suspensioun vu russeschen Athleten opzehiewen.

D’Ausseministeren hate nach den 18. Juni fonnt, et dierft keng Normalisatioun fir déi russesch Participatioun bei Sports-oder kulturellen Evenementer ginn, esou laang wéi et kee Fridden an der Ukrain gëtt. 

De Xavier Bettel huet net Wëlles, dofir ze plädéieren, datt een dorun eppes ännert.

"Ech verstinn net, firwat mir et elo géifen ophiewen. Wat sinn déi Elementer, déi engem erlabe géifen, elo ze soen, mir géife Sanktiounen ewechhuelen?"

Hie géif sech op alle Fall dofir asetzen, datt d’EU hei eng gemeinsam Positioun hëlt, esou de Lëtzebuerger Ausseminister.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

play_arrow Lauschteren