Domat soll verhënnert ginn, datt nei Wueren ewechgehäit ginn. Amplaz solle si weiderverkaaft oder gespent ginn.
Ausname gëlle beispillsweis fir beschiedegt oder geféierlech Produiten, déi net méi kënne genotzt ginn. Fir méi kleng Entreprisen trëtt d'Reegelung eréischt méi spéit a Kraaft.
Streng Kontrolle gi gefuerdert
Donnéeë vun der EU-Kommissioun no ginn an Europa all Joer véier bis néng Prozent vun den onverkaaften Textilien zerstéiert, nach ier se iwwerhaapt gedroe goufen.
Ëmweltorganisatioune begréissen déi nei Reegelung, fuerderen awer streng Kontrollen a weider Mesurë géint Fast Fashion.