arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun iwwert ETS-Reform: Keen Zeréckschrauwe vun den Ambitiounen

EU-EMISSIOUNSHANDEL

|
reading time

4 min

headphones

3 min

play_arrow

EU-Kommissioun iwwert ETS-Reform: Keen Zeréckschrauwe vun den Ambitiounen

Mam Emissiounshandels-System soll dat wichtegst Instrument vum Europäesche Klimaschutz reforméiert ginn. D’EU-Kommissioun huet dem Drock vun der Industrie a verschiddene EU-Memberlänner noginn a proposéiert méi Flexibilitéit. Manner Klimaschutz géing dat net bedeiten, betount Bréissel.

reading time

4 min

headphones

3 min

play_arrow
© EC - Audiovisual Service
(Foto: EC - Audiovisual Service)

Den Emissiounshandelssystem (kuerz “ETS”), deen an der EU 2005 agefouert gouf, ass dat wichtegst Instrument an der europäescher Klimaschutzpolitik.

ETS zënter 2005 a Kraaft

Säin Zil ass et, d’Emissiounen a wichtegen Industrie-Zweiger ze reduzéieren.

"E funktionéiert gutt", betount d’Vizepresidentin vun der Kommissioun, d’Spuenierin Teresa Ribera e Freideg op enger Pressekonferenz. 

D’Emissiounen an deene Secteuren, déi ënnert de System fale gouf bal ëm 50 Prozent reduzéiert.

Méi Flexibilitéit fir d’Industrie

Trotzdeem solle lo d’Reegelen ofgeschwächt ginn.

"D’Welt huet geännert", erkläert den EU-Kommissär fir de Klimaschutz, de Wopke Hoekstra. Wichteg Industrie-Secteuren an der EU wieren elo mat onfairem Wettbewerb aus dem Ausland konfrontéiert. 

D’Reform, déi elo proposéiert gëtt, soll der Industrie méi Flexibilitéit ginn.

Dat soll ënner anerem doduerch geschéien, datt Emissiouns-Zertifikae méi laang wéi bis elo geplangt um Marché bleiwen.

D’Zertifikae ginn un Entreprise aus verschiddene Secteure verdeelt, jee no CO2-Verbrauch kann um Marché och domat gehandelt ginn.

Dem aktuelle System no ass et virgesinn, datt vun 2039 u keng nei Zertifikaen op de Marché kommen. Elo soll déi Period verlängert ginn. 

D’Quote solle méi lues auslafen, de Reduktiounsfaktor pro Joer soll signifikant erofgesat ginn.

Weider Gratis Zertifikaen - mat Konditiounen

Et sollen och bis zu fënnef Prozent international CO2-Zertifikaen op de Marché geholl ginn. Dernieft kréien d’Entreprise méi laang ewéi geplangt, gratis Zertifikaen ënnert bestëmmte Konditiounen zougedeelt.

Duerch esou gratis Zertifikae soll verhënnert ginn, datt Entreprisen an Net-EU-Länner ofwanderen.

Déi Reegele kéimen awer och mat Konditiounen, esou de Wopke Hoekstra.

Dat wier den Haaptënnerscheed zum fréiere System: Méi Flexibilitéit , awer d’Sue mussen an Europa investéiert ginn.

Kontroll läit haaptsächlech bei de Memberlänner

Dat war bis elo net esou virgeschriwwen. D’Kontroll doriwwer, ob dat och agehale gëtt, soll op nationalem Niveau vun de Memberlänner gemaach ginn.

Si hunn de Gros vun de Recetten aus dem Verkaf vun Zertifikaen akasséiert, a sollen elo gezwonge ginn, déi Suen an d’Dekarbonisatioun ze investéieren.

Déi gratis Zertifikae sinn ëmstridden, well d’Entreprisen deels Suen domat verdéngt hunn, ouni an CO2-Aspuer-Mesuren an Europa ze investéieren.

An Zukunft sollen déi fräi Zertifikaen nach just ënnert der Konditioun verdeelt ginn, datt 100 Prozent vun de Recetten doraus an Europa investéiert ginn.

EU-Kommissioun: Reform ass 100 Prozent konform mat Klimaziler

D’Kommissioun weist dobäi all Kritik zeréck, d’EU géif hir Ambitiounen, wat d’Klimaziler ugeet erofschrauwen.

"D’Mesure si voll op der Linn mat den EU-Klimaziler, d’Emissioune bis 2040 op 90 Prozent ze reduzéieren."

Dat betount de Wopke Hoekstra ëmmer nees.

Ambitionéierten Zäitplang

D’Meenungen iwwert een ofgeschwächten ETS ginn an der EU auserneen.

Länner, an deene fossil Energie nach eng grouss Roll bei der Stroumproduktioun spillt fuerderen zënter laangem, ee manner strenge System.

Dozou gehéiere virun allem Polen an Italien. Anerer, wéi Schweden oder Finnland awer sinn dergéint déi aktuell Reegelen ze labberen. D’Lëtzebuerger Regierung hat sech dofir ausgeschwat, de System net a Fro ze stellen, sech enger Revisioun dovun awer net entgéint gestallt.

Elo ass et un de Memberlänner an dem Europaparlament den Detail vun deem Revisiounspak duerchzehuelen. Si mussen sech um Enn iwwert déi Reform eens ginn.

D’EU-Kommissioun huet een ambitionéierten Zäitplang virgesinn - deemno sollten d’Verhandlungen tëschent den Institutioune bannent der éischter Hallschent vum nächste Joer ofgeschloss sinn, esou datt déi nei Reegelen nach 2027 kéinten a Kraaft trieden.

Am Europaparlament hunn d'Diskussiounen iwwert d'Reform schonn ugefaangen.

FEDIL ass gréisstendeels zefridde mat der Propos

D‘FEDIL begréisst d'Propositioun vun der Europäescher Kommissioun fir de System vum Handel mat CO2-Emissiounsrechter ze iwwerschaffen, dat well esou méi laang CO2-Zertifikater zur Verfügung géife stoen a well de Virschlag weiderhi gratis Zertifikater fir d‘Industrie virgesäit.

De Patronatsverband weist sech par conter kritesch par Rapport zu de Konditiounen, déi d‘Kommissioun doru knäppe wëllt. Déi missten nämlech och fir d‘Industrie machbar sinn, esou d‘FEDIL. D’FEDIL freet och dat ee gudden Deel vun de Recettë soll fir d’Transformatioun vun deenen Entreprise virgesi ginn, déi ënnert den ETS-System falen.

play_arrow Lauschteren