Radioen

On air

Moiesstudio  |  Malik Djoudi - Viens On Prend Le temps

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Illegale Schosswaffegebrauch: Parquet freet 3 Joer Prisong fir Ex-Polizist

Parquet

Illegale Schosswaffegebrauch: Parquet freet 3 Joer Prisong fir Ex-Polizist

Am Prozess géint e suspendéierte Polizist huet d’Vertriederin vum Parquet haut um Mëttwoch um Stater Geriicht eng Geldstrof gefuerdert, sou wéi 3 Joer Prisong, mat eventuellem Sursis probatoire. D’Oplo sollt an hiren Aen an enger psychotherapeutescher Behandlung bestoen.

auto_stories

2 min

© weyo/Adobe Stock
Foto: weyo/Adobe Stock

Viru ronn 3 an engem hallwe Joer hat den deemolege Bodyguard vum Haff moies fréi an engem Appartement zu Bouneweg 5 Mol mat senger Déngschtwaff geschoss. Ee Schoss hat hie selwer um Bee blesséiert. De Polizisten, déi op d’Plaz komm waren, hat de Mann gesot, beim Botze vu senger Waff wier e Schoss lassgaangen. Fir d’Kolleegen hat et awer dono ausgesinn, wéi wann d’Frëndin vum Polizist Angscht hat.

Fir de Parquet wier d’Versioun vu just engem Schoss kloer tëscht dem Ugekloten a senger Frëndin ofgeschwat gewiescht, huet d’Vertriederin vum Parquet um Mëttwochmëtteg gemengt. D’Fra hätt sech och e ganzt Joer doru gehalen, ier si Kontakt zur Generalinspektioun vun der Police opgeholl huet. Déi nei Versioun hätt iwwerenee gestëmmt mat den Erkenntnisser, bis dohin, vun der Enquête.

Nawell géif den Ugeklote weiderhi contestéieren, d’Fra menacéiert ze hunn. Dobäi hätt hie just aus deem Grond seng Déngschtwaff mat Heem geholl. De Parquet freet ënner anerem eng Prisongsstrof vun 3 Joer mat engem eventuelle Sursis mat Oploen.

De Mann, deen zënter zwee Joer suspendéiert ass, sollt integrale Sursis kréien, an d’Geldstrof sollt ugemoosse sinn, huet seng Affekotin gemengt. Si huet dorop plädéiert, datt sech de Mann an der Relatioun mat der Frëndin verluer hätt. Hien hätt gemaach, wat hie geduecht hätt, datt si wéilt, sou d’Me Nora Dupont.

De Mann hätt dee Moien am Abrëll 2021 och net wëll ronderëm sech geschoss. Villméi hätt hien einfach wëlle Gehéier fannen. Direkt no de Schëss hätt hie gewosst, datt et Konsequenzen hätt, seng Déngschtwaff benotzt ze hunn.

De 14. November gëtt d’Urteel gesprach.

 

Aktualitéit
Justiz
National