Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Sudden Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Polizist, deen doheem mat senger Waff geschoss huet, muss sech veräntwerten

Stater Geriicht

Polizist, deen doheem mat senger Waff geschoss huet, muss sech veräntwerten

Een Ex-Bodyguard vum Haff kritt zënter Dënschdegmoien um Stater Geriicht de Prozess gemaach. Dat wéinst ënner anerem dem Verstouss géint d’Verbuet, fir op bestëmmte Plazen ze schéissen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© weyo/Adobe Stock play_arrow
Foto: weyo/Adobe Stock

Viru ronn 3 an engem hallwe Joer hat den haut 43 Joer ale Mann moies fréi an engem Appartement zu Bouneweg 5 Mol mat senger Déngschtwaff geschoss. 4 Schëss goungen an e Schaf an ee Schoss an ee vu senge Been.

Toxesch Bezéiung

Nieft de Schëss a Menacë géintiwwer senger deemoleger Frëndin kritt de Mann och nach virgehäit, illegal a Fichieren no Persoune gesicht a Leit opgeholl ze hunn, ouni datt déi dat wossten. Déi zwee leschtgenannte Reprochen huet den Ugekloten um Dënschdegmoien zouginn. Dogéint hätt hie seng Ex-Frëndin ni bedreet an nëmme geschoss, "fir datt dat ophält mat deem Stress“.

Hien hätt aus dem Gestreits mat der fréierer Frëndin wëllen eraus. Wéi si déi Nuecht am Sträit explodéiert wier, hätt hien net méi gewosst wouhin. Hien hätt dunn an de Schaf gegraff, an där seng Déngschtwaff loung, déi erausgeholl a geschoss.

Den zoustännegen Enquêteur vun der Generalinspektioun vun der Police hat do virdrun erkläert, d’Ex-Frëndin hätt déi richteg Versioun vun de Faiten eréischt no engem Joer erzielt. D’Police wier awer séier vun engem Sträit ausgaangen, deen ausgeaart war. De Beschëllegten hätt tëscht Dezember 2020 an Abrëll 2021 an där Bezéiung net gutt fonctionéiert. Hie gouf suspendéiert an huet an der Tëschenzäit, wéi dem Mann seng Affekotin sot, seng Demissioun eraginn.

Ex-Frëndin huet Menacë seriö geholl

E Psychiater huet ausgesot, de Mann hätt sech vun der Fra, déi Proprietärin vun engem Cabaret war, ugezunn, sech awer och ënnert hirer Schlapp gefillt. Den Ex-Polizist hätt e schwaacht Selbstwäertgefill, wier awer net geféierlech, an et kéint him mat enger psychotherapeutescher Begleedung gehollef ginn. Fir e Psycholog huet sech de Mann a senger toxescher Relatioun mat der Fra verluer. Hie géif e Manktem u Selbstbewosstsinn opweisen an eng Tendenz zur Ofhängegkeet.

Déi deemoleg Frëndin huet hirersäits betount, an där ominéiser Nuecht hätt de Mann si am Sträit mat senger Waff menacéiert. Si hätt déi Menacen och ganz seriö geholl.

Muer um Mëttwochmëtte kënnt et dann nach zum Requisitoire vun der Vertriederin vum Parquet an zum Plädoyer vun der Affekotin vum Ugekloten.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Justiz
National