No der Signature vun dem Arrêté, gëtt den Ierfgroussherzog Guillaume virun der Chamber vereedegt, sou wéi d‘Verfassung dat virgesäit.
Domat dierf den Ierfgroussherzog eng Rei Missioune vum Grand-Duc Henri iwwerhuelen. Iwwert de Wee gëtt den Ierfgroussherzog a seng zukünfteg Roll als Staatschef agefouert. Wéini et effektiv zum Trounwiessel kënnt, ass nach net festgeluecht.